Nuetsraid MasterEditioun fir all
Erpeldange/Sauer
Nuetsraid – MasterEditioun fir all (Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio ab 16 (14) Joer)
Wat ass dat ?
En Orientatiounslaf an der Nuecht mat Funkguidage
Um Programm steet:
- Crashcours an der Orientatioun (Kart a Kompass).
- Crashcours an der Funk-Kommunikatioun.
- Orientatiounslaf an Ekippen an der Nuecht vun owes bis moies matt Funkguidage.
- Gruppenchallenge an Ekippen vu 4 Leit
- Een Erliefnis wat hänken bleift
No der eigendlëcher Aktivitéit ginn déi verschidde Léierzieler vun esou engem Challenge an engem kuerzen theoreteschen Atelier thematiséiert.
Dëss Aktivitéit zielt fir Cheffen als Recyclage
Wou: Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck
Wéini: vum 10. op 11. Januar 2026
Timing:
Ufank zu Ierpeldeng: Samschdes, den 10. Januar 15.00 Auer
Schluss zu Ierpeldeng: Sonndes, den 11. Januar 12.00 Auer
Fir ween: All ! : Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un
Präiss: – 45 € –
Numerus Clausus: am ganze 50 Leit
Umellen: bis den 29. Dezember 2025 per Mail un nuetsraid@lgs.lu
Onbedengt uginn: Numm, Matricule, Adress, Tel.nr, Email-Adress, Grupp, Branche, Chef Jo/Nee
-> Bei Truppenumelldung: w.e.g. eng eenzeg Lëscht mat dësen Donneeën eraginn.
Weider Detailer: komme no der Umelldung no.
Formatioun: Dëse Nuetsraid gëtt fir Cheffen als Recyclagemodull unerkannt
An dann nach: de Nuetsraid ass bei all Wierder
Remark:
Fir reng Carapiotruppen ass de 24.-25.01.2026 de Nuetsfunkraid vun der CarapioEkipp.