Nuetsraid MasterEdition
15:00
Ierpeldeng-Sauer
NuetsFunkRaid
MasterEdition
Cooperatioun LGS / SNJ
(Recyclage)
11/12. Januar 2025
Wat ass dat ?
- Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
- Crashcours a Funk-Kommunikatioun
- Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
- Gruppenchallenge an Equippe vu 4 Leit
- En Erliefnis wat hänke bleift
Dodernieft geet et beim Nuetsraid och drëm ze spieren wat et heescht richteg Decisiounen ze huelen,
ee fir deen aneren dozesiinn, Limitten erkennen an als Ekipp stark ze sinn.
Wou : Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck
Wéini : vum 11. op de 12. Januar 2025
Timing : Ufank zu Ierpeldeng : Samschdes, de 11. Januar 15.00 Auer
Schluss zu Ierpeldeng : Sonndes, de 12. Januar 12.00 Auer
Fir ween : all Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un
Präiss : 40 €
Numerus Clausus : am ganze 48 Leit
Umellen : bis den 27. Dezember 2024 per Mail un nuetsraid@lgs.lu
Onbedengt uginn : Numm, Matricule, Adress, Telefonsnummer,
Email-Adress, Grupp, Branche, Chef Jo/Nee
Bei Truppenumelldung : w.e.g. eng eenzeg Lëscht mat dësen Donneeën eraginn.
Weider Detailer : komme no der Umelldung no.
Formatioun: Dëse Nuetsraid gëtt fir Cheffen als Recyclagemodull unerkannt
An dann nach : – de Nuetsraid ass bei all Wierder
Georges Faber (Fabi)
georges.faber@lgs.lu