15
2024
Jun

Naturdag 2024

Dikkrich

Mir proposéieren Iech en Dag am Besch zu Dikkrich.

Wat? Dag an der Natur mat villen flotten a fräien Atelieren. Dir braucht just mat äre Wëllefcher dohin ze kommen an eppes ziesse matzebréngen!

Wéini? Samschdes, den 15. Juni 2024 vun 10h00 Auer bis 16h00 Auer (dir däerft awer och manner laang kommen; allerdings recommandéiere mir dass dir op d’mannst 3 Stonne mat ärem Ruddel bei eis sidd)

Wou? Am Bësch zu Dikkrich beim Fridhaff (mir organiséieren eng Navette vun der Gare bis erop)

Fir wien? Fir all Wëllefchers-Ruddel aus dem Land (d’Plaze si limitéiert, déi 1. si vir 🙂)

Participatioun? 5€ pro Wëllefchen; d’Cheffe bezuelen näischt

Umellen? Séier! Bis spéistens den 1. Juni op folgendem Formulaire: Naturdag

Bis geschwenn,

Är Wëllefchers-Ekipp