21
2024
Sep

Kongress 2024

Groussbus

Kongress & Chefdag 2024 

Léif Cheftaine, léiwe Chef,

Am September ass et souwäit de Kongress esou wéi de Chefdag fannen eng éischte Kéier hire Wee bei den Eschduerfer Grupp.

D’Eschduerfer Guiden a Scoute sinn houfreg dës Eventer organiséieren ze dierfen an hir Frënn aus den anere Gruppen an der Regioun vum Stauséi kënnen ze begréissen!

 

Kongress 2024

21. September 2024

zu Heischent an der Sportshal

————–

De Chefdag 2024

22. September 2024

zu Heischent beim Camping Fuussekaul

 

 

Hei fënns du puer wichteg Informatiounen zum Kongress a Chefdag.

  • Umeldung

D’Umeldung fir de Kongress a Chefdag ass individuell, dat heescht: all Chef/taine muss sech selwer umellen. D’Umeldung geet iwwer den Online-Formulaire, deen s du an der Chebox fënns: chefbox.lgs.lu/desk/chefdag-kongress-umeldung/

  • Checkpoint-Event

De Kongress a Chefdag si Checkpoint-Eventer. Wann s du deng Chefkaart bei engem Checkpoint um Kongress a Chefdag (Receptioun) presentéiers, kriss du ee Paddel gutt geschriwwen. Du fënns deng Chefkaart an der Chefbox/LGS App an Dashboard ënner “Meng Chefkaart”

  • Kongress: Iwwersetzung op Franséisch an Englesch

Eng direkt mëndlech Iwwersetzung vum Lëtzebuergeschen an d’Franséischt an Englescht  ass um Kongress virgesinn.
Une traduction simultanée du luxembourgeois vers le français et l’anglais est prévue pour le congrès.
Simultaneous translation from Luxembourgish into French and English will be provided during the congress.
  • Pré-Chefdag

Nom Kongress invitéieren d‘Eschduerfer Guiden a Scouten iech dann an d‘Fuussekaul op de Pré-Chefdag!

Mat Livemusek um Piano a selwer gebrautem Béier  brénge mir de Café des artistes erop an de Norden! De Claus an de schéine Poli wäerte fir déi richteg Stëmmung suergen.

Freet iech op e flotten Owend a profitéiert dovun den Auto kënne stoen ze loossen.

  • Iwwernuechtung

An der Fuussekaul hutt dir dann och d‘Méiglechkeet ze iwwernuechten! Ob an ärem eegenen Zelt, an de Glampingzelter oder souguer am Mobilhome ass iech dobäi ganz iwwerlooss.
Wien säin eegent Zelt matbréngt, kann sech ganz einfach umelle per Mail un anna@fuussekaul.lu. De Präis fir eng Nuecht ass 15€.

  • Workshoppen um Chefdag

Um Chefdag ginn eng sëlleg Workshoppen an Infostänn ugebueden. D’Lëscht vun de Workshoppen gi virum Chefdag um LGS Site publizéiert.

 

Kompass

Am Kompass fënns du d’Invitatioun, de Programm a weider wichteg Informatioune vum Kongress a Chefdag 2024.

Ausserdeem fënns du hei den Aktivitéitsrapport vum Verbandsgrupp (Verbandsgrupp = Comité + Verbandsekippen + Aarbechtsgruppen) an de Finanzrapport. Iwwer den Aktivitéitsrapport a Finanzrapport gëtt um Kongress ofgestëmmt.

Klick op d’Bild fir de Kompass online ze kucken

Kompass PDF eroflueden >>