27
2016
May

Iron Scout 2016

Kayl

Iron  Scout

Och dëst Joer ass erëm den Iron Scout an zesummen Aarbecht mat der Regionalequippe Süden an der Carapios Equipe.

Wat ass den Iron Scout?

Den Iron Scout ass déi ultimativ Erausfuerderung: 65km trëppelen an nëmmen 24 Stonnen.

Eng eenzegaarteg Geleeënheet seng Grenzen kennen ze leieren an driwwer raus ze wuessen.

Natierlech muss een den Wee net ganz goen, jidderee geet sou weit en well an sou weit wei en packt.

Am ganzen organiséiert d’Regional Equipe Süden 3 verschidden Weeër, een am Norden, een ronderëm den Stau an natierlech een Wee am Süden.

Jiddereen deen en Iron Scout mat geet huet sech en Badge verdéngt, ob deem festgehal gëtt weien Wee een mat getrëppelt ass an virun allem wie vill Kilometer een gepackt huet.

Och dëst Joer sammelen mir net nëmmen Bloderen un den Féiss, mä och Suen fir en gudden Zweck.

Wéini ass den Iron Scout? 

Et gëtt zwee Datumer ze verhalen,

6.-8. Mäi  2016                    Fir den Iron Chef, hei ginn d’Chef den Wee of an kucken dass alles klappt.

Et wär flott wann vun all Trupp di matgeet een Chef kennt do sinn.

27. – 29. Mäi Abrëll  2016                 Fir den Iron Scout

Wou? –> am Süden

RDV ass Freides owes um 19:00 Auer zu am Chalet zu Kayl. 

Sonndes ass et esou géint 12:00 Auer eriwwer.

Don?

Mir ënnerstëtzen ??  ass nach net fest ?

Preis?

Den Weekend kascht 30.- an dësem Preis ass Schlofen, Iessen, den Badge an d’Bloderen mat dran.

Iwwerweisen op de Branchen Kont vun den CaraPio:

Bill IBAN LU38 0026 1827 9868 5600
vun den „Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche CaraPio“
mam Vermierk „Iron“ dem Numm vun der Trupp  + Unzuenl CP & C .

Matbréngen?

– Geschlof gëtt am Chalet, et sinn keng Better do, also alles matbréngen fir awer do ze schlofen.

– Gamell /Bidong

– alles wat en soss nach fir en Weekend brauch

– fir Iessen an Gedrengs ass gesuecht

-> Wichteg fir den Dag selwer de Wee ze goen

— een kleng Rucksak (fir Bidong an bëssen Iessen etz dran ze maachen, d’ Iessen gëtt no an no ënnerwee verdeelt)

— uerdentlech Kleeder déi dem Wieder ugepasst sinn

— uerdentlech Schong fir kennen 65 km ze trepplen!!!!

 

Umeldung? Bis den 01/03/2016

Umellen kennt dir iech iwwert een mail un carapio@lgs.lu mam Numm vun der Trupp an der Unzuel vun den Carapio an den Chef. Sot eis och Bescheed wei vill leit vun iech op den Iron Chef kommen. Fir dass ma eis kennen drop astellen.