Infoowend iwwert d’Formatioun Naturpädagogik
Neihaischen
D’Naturschoul Freiburg bidd säit 1988 Formatiounen un, déi
Begéinung vum Mënsch mat der Natur duerch eng ganzheetlech
Pädagogik förderen. 2014 huet Naturschoul Freiburg an Zesummenaarbecht
mat den Lëtzebuerger Guiden a Scouten eng éischte
Kéier Formatioun zum zertifizéierten Naturpädagog zu Lëtzebuerg
ugebueden.
Ab Mäerz 2016 ass eng weider Formatioun “Naturpädagogik”
geplangt. En entspriechenden Infoowend fënnt den 28. Oktober
2015 um 18:00 um Neihaischen statt.
Hei besteet d`Méiglechkeet , d’Organisatioun an den Oflaf vun der
Weiderbildung kennen ze léieren an oppen Froen ze klären.
Weider Infoen fann dier op: www.naturschule-freiburg.de
