15
2019
Mar

Global Strike for Future

11:30

Um Glacis an der Stad

Léiw Guiden a Scouten vun den LGS an der FNEL,

“We have to understand what the older generation has dealt to us, what mess they have created that we have to clean up and live with. We have to make our voices heard.”

Dëss sinn d’Wieder vum Greta Thunberg, engem 16-järege Meedchen, dat zanter August 2018 streikt. Hat refuséiert an d’Schoul ze goen a kämpft esou fir seng an den nächste Generatiounen hier Zukunft. Hat fuerdert Sozial- an Klimagerechtegkeet. Firwat solle mir studéieren, wann keen sech ëm eis Zukunft këmmert? Mir gesinn elo schonn, all Dag d’Konsequenze vum Klimawandel an dowéinst musse mir elo handelen.

D’Greta freet all Schüler a Student op der ganzer Welt, de 15. Mäerz um internationale Streik deelzehuelen an esou fir eis Zukunft ze kämpfen, fir ze weisen dass och mir eng Stëmm hunn a gehéiert wëlle ginn.

#LeaveThisWorldALittleBetterThanYouFoundIt

Lëtzebuerg ass e klengt Land, mee zesumme kënne mir deenen déi um Pouvoir sinn, eis Stëmm entgéint sëtzen an zwar esou dass se eis net vergiesse wäerten.

Als greisste Jugendmouvement zu Lëtzebuerg wëllen och mir als LGS a FNEL eis fir eng besser Welt asetzen.

Dofir: Maach mat.

Duerch d’Droe vum Foulard weise mir als Guiden a Scouten dass mir eis och fir eng nohalteg Zukunft asetzen.

Mir treffen eis all zesummen um 11h30 mat Scoutsfoulard um Glacis an der Stad!