Friddensliicht
zu Rodange
(fir all Branchë vu Biber bis Raro)
Programm:
14.00 Auer Rendez-vous beim Scoutschalet (rue de la Minière)
14.30 – 17.00 Auer branchespezifesch Wanderung mat Statiounen/Ateliers zum Thema Fridden
17.30 Auer Veillée an der Kierch mat uschléissendem Fakelzuch
18.30 Auer Iess a Gedrénksstänn beim Scoutschalet
————————————————————————————————————-
Matbrénge muss jiddereen en Wanderrucksak mat Täscheluucht, Gamell, Becher (Bidon) a Besteck, Schong a Kleeder dem Wieder entspriechend, fir ze wanderen. 2 Warnveste pro Grupp.
De Participatiounspräis ass 10,00,-/ pro Persoun (Zopp + Dessert, e Badge, an eng Friddensliichtskäerz, Bus-Navette)
————————————————————————————————————-
Umelle soll een sech bis den 03. Dezember
per mail un michele.hilger@lgs.lu andeems dir den Numm vum Grupp an Zuel vun de Kanner/Jugendleche pro Branche ugitt.
an duerch d‘Iwwerweisung vum Participatiounsgeld op de Konto
Dexia BIL: LU10 0021 1929 8216 5200
mat dem Vermierk Participatioun-Friddensliicht + Numm vum Grupp
————————————————————————————————————-
(Wann dir mam ëffentlechen Transport kommt, da sot ons Bescheed, mir organiséieren eng Bus-Navette vun der Gare bis bei de Scoutschalet.)