CaraPio : Nuetsfunkraid 2025
De Funkraid ass ee flotte Rallye mat Funkapparat, Kaart a Kompass fir CaraPio Truppen. Maach mat!

CaraPio Nuetsfunkraid
Wat ass dat ?
Een Hike mat Funk fir all CaraPio Truppen. Um Programm steet:
- Crashcours an der Orientatioun (Kart a Kompass).
- Crashcours an der Funk-Kommunikatioun.
- Orientéirungslaaf bei all Wieder duerch d’Land.
- Gruppenchallenge an klengen Ekippen.
- Een Erliefnis wat sécher hänken bleift!
Dëst ass eng National Aktivitéit an ass domat besonnesch intressant fir Truppe mat wéineg Chef oder Chef déi nach keng gülteg Ernennungen hunn.
Wéini / Wou ?
Samschdes den 25. Januar 2025 um Misärshaff
Sonndes den 26. Januar 2025 um Misärshaff
Start: Samschdes Mëttes tëschent 14:00 an 14:30 Auer,
Schluss: Sonndes Moies tëschent 10:30 an 11:00 Auer.
Präis an Umeldung?
Andeems all Trupp sech iwwert den Online Formulaire umellt.
De Formulaire fënns du ënnert dësem Bäitrag
an och d’Participatioun vu 35,00 € pro Persoun op de Konto vun de CaraPio iwwerweist:
- Kontosnummer: BILL LU—
- Vermierk: Funkraid 25, <Trupp>, <Unzuel CaraPio>, <Unzuel Chef>
- Just eng Iwwerweisung pro Trupp w.e.g.
Wéinst der Grënnung vun der neier ASBL ginn eis Konte fir de 27. Dezember gespart. Iwwerweist är Participatioun also duerno net méi, bis dass mir eech déi nei Kontosnummer kënne matdeelen.
D’Plaze si begrenzt, ma déi éischt si vir. 🙂
Umeldeschluss ass den 5. Januar 2025!
Wichteg: D’Chef ginn och mat!
Mathuelen?
- Topo-Kart 1:20.000 R2 (Stauséi)
- Kompass + Réimer
- Blat + Bic
- Bidon
- Gezei fir bei all Wieder
- Warnwest
- Gamelle a Besteck
- Thermofläsch fir Téi
- Schlofsak, Carry Mat, Zännbischt
- Schlappen
Froen?
Zéck net a mell dech bei eis: carapio@lgs.lu
Mir freeën eis op dech,
d’CaraPio Ekipp
Leider sinn d’Umeldungen zou well all Plaze voll sinn! Dann ass et bis d’Nächst Joer! 🙂