CaraPio IronScout
Ronderëm de Stau
Och dëst Joer fënnt den Iron Scout nees statt vum 10. Abrëll bis den 12. Abrëll 2026.
65 km, 24h ! ronderëm de Stau
#edition18 #carapiosueden
Deng CaraPio / RaRo wëllen hier kierperlech Limitten testen an iwwert sech selwer erauswuessen? Dann ass den IRON SCOUT genee de richtegen Challenge fir si.
Video: Iron Scout 2023
Jidderee ka matmaachen, et muss net an der Trupp getrëppelt ginn an all Participant kann sech säin eegent Ziel op der Streck vu 65 km setzen déi et a 24 Stonnen ze bewältegen gëtt. Dofir ginn et Badger fir 30, 40, 50 a 65 Kilometer. Natierlech bleift keen eleng op der Streck, d’Chef suerge wärend dem Weekend fir déi néideg Posten an de Ravitaillement.
Zousätzlech besteet d’Méiglechkeet sech fir de gudden Zweck anzesetzen. All Participant kann sech am Virfeld Sponsore sichen, déi eng Promesse pro getrëppelte Kilometer maachen.
Méi Detailer kommen am November 2025
Chef
Chef kënnen um Iron Scout net mat trëppelen. Si engagéieren sech bei verschiddene Chargë fir den Encadrement vun de CaraPio ze garantéieren (Ravi, Posten, Taxi …).
RaRo
Aus organisatoresche Grënn huele mir keng Umeldunge vu RaRo ouni Responsabele Chef un. Wann äre Clan net mat geet, frot mol ronderëm op en anere Clan oder CaraPio Trupp Iech ka mat umellen.
Loscht als Staff eng Hand unzepaken?
Mir sichen nach Verstäerkung déi eis um Week End vum IronScout bei der Organisatioun a Koordinatioun hëlleft! Mëll dech dei eis > ironscout@lgs.lu <