CaraPio IronScout
Al Seeërei
Och dëst Joer fënnt den Iron Scout nees statt vum 9. Mäi 2025 (Europadag) – 11. Mäi 2025
Awer bëssen anescht wei soss …
65 km, 24h !
#edition17 #carapiosueden #Spezialeditioun #neiPlatz #neieWee #rememberWWII
Deng CaraPio / RaRo wëllen hier kierperlech Limitten testen an iwwert sech selwer erauswuessen? Dann ass den IRON SCOUT genee de richtegen Challenge fir si.
Jidderee ka matmaachen, et muss net an der Trupp getrëppelt ginn an all Participant kann sech säin eegent Ziel op der Streck vu 65 km setzen déi et a 24 Stonnen ze bewältegen gëtt. Dofir ginn et Badger fir 30, 40, 50 a 65 Kilometer. Natierlech bleift keen eleng op der Streck, d’Chef suerge wärend dem Weekend fir déi néideg Posten an de Ravitaillement.
Zousätzlech besteet d’Méiglechkeet sech fir de gudden Zweck anzesetzen. All Participant kann sech am Virfeld Sponsore sichen, déi eng Promesse pro getrëppelte Kilometer maachen.
Oflaf
Freides den 9 Mäi (Europadag) proposéiere mir ab 9:00 e spannende Programm zum Thema “Remember WorldWarII” mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Amerikanescher Ambassade. Treffpunkt ass an der “Al Seeërei” zu Dikrech (Rue de l’Industrie, 9250 Diekirch).
Samschdes mueres fréi, starten d’CaraPio fir den IronScout.
Schluss vun dëser Aktivitéit ass Sonndes 11 Mäi um 12:00 och an der “Al Seeërei” zu Dikrech (Rue de l’Industrie, 9250 Diekirch).
Dat ganzt kascht 10€.
Chef
Chef kënnen um Iron Scout net mat trëppelen. Si engagéieren sech bei verschiddene Chargë fir den Encadrement vun de CaraPio ze garantéieren (Ravi, Posten, Taxi …).
Loscht eng Hand unzepaken?
Mir sichen nach Verstäerkung déi eis um IronScout bei der Organisatioun a Koordinatioun hëlleft! Mëll dech dei eis > ironscout@lgs.lu <