Material
- Grenadine
- Jus
- Spruddelwaasser
- Kessel (Dëppen)
- Becheren (1 pro Biber)
- Bräiläffel
- Zocker
- Teebeutel
- Fixfeier
- Käerzen
- Krepppabeier a verschiddene Faarwen
- Schminkfaarwen
- Ficelle
- Herzformen aus Pabeier ausschneiden (= Liewen)
Erklärung
Et handelt sech bei dësem Spill em ee Geländespill wat um Biber-STIP vun de Kandidaten ausgeschafft a mat Kanner getest gouf.
Et ass ee Geländespill wat fir 30 Minutten geplangt ass, wat awer ouni Problem kann an d’Längt gezu ginn.
D’Thema ass Halloween, kann awer och ouni groußen Opwand un en aanert Thema ugepasst ginn.
Eng détailléiert Beschreiwung vum Spill fannt der am bäigefügten Dokument.