Wuert – Kodéierung

Material

  • Bic a Blad. Matrioshka-Modell ofgezeechent; et geet och ouni den Zizo-Modell, ass dann awer méi schwéier.

Erklärung

Et handelt séch bei dësem Dokument ëm eng Entschlësselungs-Method vun Wierder, déi engem duercherneen präsentéiert ginn an dat originalt Wuert soll zeréckfonnt ginn.

Dir kënnt d’Method zwar och benotzen fir Wierder ze verschlësselen an si sou op engem Rallye als Statioun anzebauen, als Kappfudder während dem Hike benotzen, als Method während enger Versammlung uwenden, asw.. Ech hunn uginn dat se haaptsächlech fir Erwuessener geduet ass, alleng duerch déi verschidden Méiglechkeeten -> Méiglechkeeten déi bei Wierder vun 5 Buchstawen schonn enorm komplex sinn an dat nach méi wann den Schafer vum “Puzzle” latäinesch oder grichesch Wierder benotzt. Ech duet mol, dat d’Aktivitéit fir manner wéi 20 Leit geduet ass, evtl. och fir méi, wann d’Animateuren d’Leit an Gruppen opdeelen (Ech giff soen, max. 7, winst dem Phänomen vun der Paresse sociale), et kann een séch alleng domatter beschäftegen an séngem Chefkolleg oder d’Kanner/Jugendlecher ënnert séch Rätselen opstellen. No Komplexitéit vum Wuert kann et alt sinn dat een do e puer Stonnen drun sëtzt. Wichteg ass et deem aneren ze soen a wéienger Sprooch d’Wuert verschlësselt ass, well et soss quasi onméiglech ass d’Wuert ze fannen, ausser et geet een linguisteschen Schemata no. Un iech ze experimentéieren !

Ënnerlagen

Matrioshka-Modell

Eragereecht

LGS St. Maximilien Groussbous