Wuecht/Verspriechen: Thema – Legends

Material

  • - Käerze fir de Wee ze zeechnen
  • - 1 (Nout)Kaart pro Equipe
  • - pro Posten : 1 Résumé vun der resp. Legend (ev als MP3 fier ze lauschteren)
  • - pro Posten + pro Kandidat : 1 Blat mat Denkustéiss fir auszedeelen um Posten
  • - Posten 1 : Fakelen
  • - Posten 1 : Schnouer c. 20m
  • - Posten 2 : Këschte fir Këschteklammen + Seel + Sécherheets- a Klammmaterial
  • - Posten 3 : Lidd fir Atmopshär ze schafen + Geschicht vum Melusina + Apparat fir et ze
  • spillen/lauschteren/…
  • - Posten 3 : Text vum Verspriechen
  • - Posten 4 : Material fir e Feier op der Plaz ze maachen + ënnerhalen + propper ze läschen
  • - Posten 4 : Material fir eppes ze bastele fir Kuelen aus dem Feier ze huelen (Béchsen/Dousen, Neel,
  • Drot, etc.). Händchen !
  • - Posten 5 : Fakelen

Erklärung

De Wee vu 5 bis 10 km muss ofgetrëppelt a (méiglecherweis mat Stuerm-Käerzen) däitlech markéiert sinn, fir datt d’Leit net zevill mam Wee beschäftegt sinn a sech wierklech kënne “goe loossen”.
D’Statioune musse kloer markéiert, opgeriicht a je nodeem besat ginn.

Oflaf :
D’Leit ginn no enger Stäerkung an engem Ofstand vun ca. 10 Minuten eenzel an d’Däischtert op de Wee geschéckt. Um Départ kréie si gesot, datt si sech elo mat hirem eegenen Engagement an hirem Liewensprojet kënnen ausernanersetzen an ënnerwee e puer Ustéiss fir hir Iwwerleeunge kréien.
Si sollen eng Täscheluucht, eng Weekaart (als Sécherheet) a gudd Schong dobäi hunn.
D’Käerze markéieren hire Wee.
Op all Statioun kréie si op ënnerschiddlech Aart a Weis eng Legend vermëttelt. Aus dëser ginn dann eng Rei Iwwerleeungen zum Thema “Engagement/Verspriechen” gezunn.

Ënnerlagen

Statiounen
RaRo-Wuecht_Legends-SL-5

Eragereecht

EAS & Raro Ekipp