Wee verhält am meeschten?

Material

  • vill verschidden Objeten
  • e Seel
  • en Duch

Erklärung

Mam Seel gëtt dobaussen e grousse Krees geluecht.

An der Mëtt vum Krees léie vill verschidde Saachen. Des ginn da mat engem Duch

zougedeckt.

Fir eng kuerz Zäit gëtt d’Duch opgehuewen an d’Grupp soll sech sou vill wéi méiglech

Objete verhalen.

Dono gëtt d’Duch rëm drop geluecht an d’Ekippe sollen alles wat si verhal hunn

opschreiwen oder opmolen. Et kann och e Chef d’Schreiwen iwwerhuelen.

Déi Grupp, déi am meeschte verhal huet, huet gewonnen.

Ënnerlagen

Wee verhält am meeschten

Eragereecht

ProgrammEkipp & SAFAB