Material
- Foulard
- Bengelen
Erklärung
D’Fliedermaus gesi ganz schlecht, mee si héieren extrem gutt. Si orientéieren sech am Raum doduerch, dass si Schallwellen ausstoussen. Dës Schallwellen ginn vun de Géigestänn reflektéiert an d’Fliedermais huelen de Retour rëm op a wäerten en aus.
D’Spiller stellen sech zu 2 an 2 zesummen. Ee Partner as d’Fliedermaus a verbënnt sech d’Aen. Deen anere Partner ass d’Schallwell a sicht sech 2 Bengelen, fir Signaler domat ze maachen an deem en d’Bengelen openee klappt.
De Partner dee gesäit geet lo hannert sech virun der Fliedermaus. Hie klappt andauernd d’Bengelen op eneen fir dass de Partner sech doru kann orientéieren.
D’Fliedermaus geet lues dem Signal no.
Wann ee bei e Géigestand (z.B. Bamstamm) kënnt deen hënnert, gëtt d‘Fliedermaus duerch méi séiert Klappen gewarnt. No ronn 30m kennen d’Partner tauschen.
Ënnerlagen
Vertrauensspill Orientéieren wéi d’FliedermausEragereecht
Biber Ekipp & Programm Ekipp