Material
Erklärung
1-2 Kandidate gi virun d’Dier oder e puer Meter vun der Grupp hannert e Bam (sou dass si d’Grupp net héieren oder gesinn) geschéckt.
De Rescht vun der Grupp ass eng grouss Maschinn, déi vill Kaméidi a Beweegunge mëscht a komplett ausser Kontroll ass.
D’Grupp, also d’Maschinn, iwwerleet sech zesummen en OFF-Knäppchen, deen déi ganz Maschinn kann ausmaachen.
Dono ginn d’Kandidate rageruff. Si musse lo den OFF-Knäppche fannen. De Knäppche kann z.B. hannert engem Ouer sins (vun enger bestëmmter Persoun oder egal wiem. Oder en Heemelen iwwert de Knéi…)
Ënnerlagen
Vertrauensspill Maschinn ausser KontrollEragereecht
Biber Ekipp & Programm Ekipp