Material
- Dännenzapfen, Mooss, dënnen Drot, Fuedem, Wollreschter, wat en dobausse fënnt (evtl Wackelaan)
Erklärung
Fir d’éischt ginn zesummen déi kleng Bewunner vum Bësch oder vun der Wiss beobachtet. D’Scouten ënnersichen dofir d’Blieder, d’Bléien oder de Buedem, evtl. kann och eng Lupp hëllefen.
Dono sollen d’Scouten selwer e Bewunner aus Naturmaterial bastelen. Dëse soll ca. 10cm grouss sinn. Wann et gewollt ass kann dësen zousätzlech Wackelaan kréien. Déi gebastelt Déieren solle gutt getarnt sinn an sech der Ëmgéigend upassen. D’Déier gëtt verstoppt, dierf awer net zougedeckt ginn. Dono hun dei aner Scouten e puer Minutten Zäit fir d’Déieren ze fannen.
Zum Schluss gëtt zesummen iwwerluecht, firwat een déi eng Déiere besser fonnt huet, wéi anerer.
Ënnerlagen
Aktivitéiten Verstoppjes vun de Wisen a BeschbewunnerEragereecht
BiberEkipp & ProgrammEkipp