Material
- Lidderblat (Anhang)
- Schockela
- Messer - Forschette
- Mutz Schal Händchen
- Würfel
- Foulards
Erklärung
D’Biber leeën eng Reserv fir de Wanter un.
° D’Kaweechelche Bonni konnt sengen Aen net trauen. Hatt souz op engem décken Aascht ganz uewen an der Eech nieft dem Weier vun de Biber. Just ënner sengem Bam hunn d’Biber een deem anere gehollef, déi lescht Straiss anzesammele fir hir Wantereserv. Si hu virun allem Getraisch, Eechen a Pëppele gesammelt. Voller Freed hunn si sech d’Aarbecht gedeelt. Déi eng hunn déi dënn Äscht ofgeknabbert, anerer hunn se gebotzt an déi nächst sinn domat duerch de Weier geschwommen. Ënne virum Agank vun der Buerg hunn déi lescht Biber gewaart fir d’Äscht op déi richteg Plaz ze tässelen, an déi ass ganz ënnen um Fong vum Weier, wou d’Waasser net zoufréiert.
Spill:
D’Biber deelen sech an zwou Gruppen.
Si bilden eng Ketten a ginn esou schnell wéi méiglech Äscht weider, deen leschten tässelt se propper openeen. Wat vir eng Grupp ass am schnellsten?
———————————————————————————————
° D’Kaweechelche Bonni huet dem äifrege Schaffe vu sengem Bam aus nogekuckt a fir sech gesot:“Ech verstinn et net! Firwat suergt net jidderee just fir säin eegent Fudder, amplaz datt jiddereen sech och nach ëm déi aner këmmert?“ D’Bonni ass opgereegt vun engem Aascht op deen aneren hin an hir gelaf a wollt onbedéngt engem aneren dat erzielen. Dofir ass hat séier vum Bam erofgerannt a scho kuerz duerno dem May, enger aler Eil, op engem Bam begéint. Well laang hält kee Kaweechelchen et um Buedem aus. „May, May“, huet d’Bonni geruff, „firwat sammelen d’Biber déi vill Äscht zesummen?“
Lidd:
Fläisst iech Biber O alélé s. 94
——————————————————————————————–
° Et huet e bëssche gedauert bis d’May wousst wat lass wär. Well d’Eilen am Dag vill schlofen, hat hatt d’Aen nach net esou richteg op. „Mee wat ass da lass? “sot et dunn op eemol.
„Mee wann ech Nëss fir de Wanter sichen“, sot d’Bonni, „dann tässelen ech se all op kleng Kéipercher a verstoppen se am Bësch, datt soss kee se fënnt. Déi aner Kaweechelcher maachen dat och all esou. Jidderee suergt fir seng Wanterreserv. Ech verstinn déi Biber net. Elo schaffen se all zesummen an deelen sech d’Aarbecht – dono wäerten se sech sécher och nach d’Iessen deelen.“
Spill: Schockela-spill
(wa jiddereen nëmmen no sech kuckt, da kritt net jiddereen eppes.)
Mir maachen en Krees. An der Mëtt léit eng Tablett Schockela, Messer a Forschette, Mutz, Händchen an e Schal. Elo gëtt der Rei no gewierfelt. Deen deen eng 6 wierfelt deet alles un a däerf mat Forschette a Messer Schockela iessen. Wärenddeem wierfelen déi aner weider, wann een nächste 6 kritt muss deen an der Mëtt ophale mat iessen, an deen anere kënnt drun.
—————————————————————————————————-
°„A jo, sécher dat“; sot d‘May, “an dat ass och gutt esou – déi Biber si mir richteg sympathesch. Hues du dann och gesi wéi déi Grouss deene Klenge weisen, wéi een e Bamstamm richteg uknabbert? An dat nëmmen déi stäerkst Biber d‘Äscht bei d’Buerg schleefen? Biber deelen eben alle: hir Aarbecht, hir Freed, hir Suergen, hir Wunneng an hiert Iessen. Dat ass eng flott Manéier fir ze liewen, well do hëlleft jidderee jidderengem.”
“Dat hunn ech awer guer net gär“, seet d’Bonni „och nach jidderengem hëllefen“, – „dat ass well s du e Kaweechelche bass“, huet d‘May geäntwert.
“Dir Kaweechelcher wëllt eben onofhängeg vun anere schaffen. Dat ass är Aart a Weis fir ze liewen, a fir iech ass déi dann och richteg. Hei gesäis du emol dat aner Déieren et anescht maachen. Mee wat kéint dir iech awer Aarbecht spueren, wann dir är Nëss all op ee grousse Koup géift leeën. Well ech sinn zimmlech sécher, datt s du am Laf vum Wanter d’Hallschent vun denge stoppe vergëss.“
„Do hues du Recht“, huet d‘Bonni du gemengt, „esou guer wann ech mir de Kapp zerbriechen, fannen ech net alles erëm.“ – „Gesäis du, wann all Nëss beienee géife leien, da géif der se bestëmmt all fannen an all Kaweechelchen hätt genuch fir de Wanter ze iwwerliewen.“
„Dat ass eng wonnerbar Iddi. Ech muss onbedéngt déi aner Kaweechelcher froen, wat si dovun halen“, sot d‘Bonni – a fort war et.
Schokela deelen, jiddereen kritt e Stéck
———————————————————————————————-
°Mee d’May wousst, dass d’Bonni net vill Chancen hätt fir seng Iddi bei de Kaweechelcher duerchzesetzen., well et einfach net zu hinne passt, dat anescht ze maachen. D’May huet nach emol ganz kuerz op de Weier gekuckt, a dunn sinn him d’Aen och schonn erëm zougefall.
An där Zäit, wou d’May an d’Bonni matenee geschwat hunn, war d’Biberfamill vum Bobby a vum Bebby bal fäerdeg gi mam uleeë vun hirer Reserv. Midd an hongreg awer ganz zefridde sinn si duerch de Weier op hir Buerg zougeschwommen, wou si sech et esou richteg gemittlech gemaach hunn.
Ouni e Wanterschlof ze halen, hunn si och dëse Wanter gutt iwwerstanen. Si hunn zesummen an der Buerg gespillt, gepotert, d’Raim vun der Buerg an hire Pelz Pelz gebotzt an zesumme vun hirer Wanterreserv giess, déi aus Holz a Schuel vun Espen, Pëppelen an Eeche bestanen huet.
Heiansdo, wann de Weier fräi vu Schnéi an Äis war, hunn si sech e bëssche frëscht Fudder aus dem Bësch geholl a sinn erëm huerteg an hir waarm Buerg zeréckgeschwommen. An elo, wou d’Äis geschmolt ass an d’Fréijoer erëmkënnt, freeën si sech op déi frësch säfteg Blieder, Séirousen, déi si iwwerall fanne wäerten.
Verspriechen maachen: Foulardsiwwereechung
Lidd: Ech reechen dir meng Hand O alélé s. 318
Ënnerlagen
LidderblatWanterreserv-Geschicht
Wanterreserv-Oflaf
Eragereecht
EAS & Biberekipp