Verspriechensfeier Thema Indianer

Material

  • Geschicht vum Indianerjong,
  • Biller zur Geschicht, Verspriechensbild,
  • Ziedel “4 Saachen iwwer mech”,
  • Stëfter,
  • grouss Baatsch/Decken

Erklärung

Erklärung:

Dëst ass eng Veillée, déi am Kader vun engem Indianercamp/ -weekend/ -komet/ -aascht ka genotzt gi fir d’Verspriechensfeier

1. Geschicht vum Indianerjong erzielen, Biller dobäi weisen
Duerno eventuell Austausch iwwer d’Geschicht, Froen?

2. Bedeitung vum Verspriechen
An der Mëtt, um Buedem läit d‘Verspriechenbild. De Chef gëtt eng kuerz Erklärung zum Versprieche bei de Scouten an deenen 3 duties.

3. “Ech”
D’Kanner kënnen all hieren Ziedel mat folgende Froen ausfëllen/molen:
Dat hei maachen ech gäer:
Dat hei maachen ech net sou gäer:
Dat hei kann ech gutt:
Dat hei wëll ech nach léieren:
Jiddereen, dee wëll, kann eppes dozou soen, kann zielen wat a firwat en dat opgeschriwwen huet.

Alternativ oder ergänzend fir „mäi Kierper“:
Lidd „Kapp-Schëller-Knéie-Féiss“

4. „Meng Matmënschen“

5. „Meng Ëmwelt“
Pinguinspill: d‘Kanner (=Pinguinen) stinn zesummen op enger grousser Baatsch/Decken (=Äis), déi emmer méi kleng gëtt (=Äis schmëlzt duerch d’Äerderwiermung) (de Chef faalt d‘Baatsch ëmmer méi zesummen). D’Pinguine sollen ëmmer méi beienee réckelen, fir dass kee Pinguin an d’Waasser fällt.

Austausch: wat ka jiddereen eenzel, oder mir all zesummen dogéint maachen?

6. „Meng Spiritualitéit“
Lidd „Kumbayah“

7. Verspriechen
Ënnerlagen: Geschicht, Biller

Ënnerlagen

Mam-Indianerkand-dWelt-entdecken_Text
Mam-Indianerkand-dWelt-entdecken_Biller

Eragereecht

Biber Ekipp