Material
- Käerze fir de Wee ze zeechnen
- 1 Noutbréif (Kopie vum Wee mat Telefons-Nummeren) pro Equipe Apdikt
- all RaRo brauch eng Täscheluucht + eppes fir Noten ze huelen
- pro RaRo: LGS-Verspriechenstext, LGS-Gesetz, ev. LGS-Gebiet, Statiounstexter
- pro RaRo : Planz-Dëppchen, Pabeierstut, Planz-Buedem, ee (Gingko-)Beemchen (oder aner Planz)
- https://www.ginkgoshop.de/ginkgopflanzen/ginkgo-babys.php
- pro RaRo : eng Schneek an e Gedrénks, Engagements-Badge
- fier Statiounen:
- Iglu, Carrymat, Decken, Zeitungs-Artikelen (iwwert aktuell Welt-Problemer), Pech,
- 2 laang Bengelen, 2 Forchetten, Tesa-Pech, Teller mat Uebststécker
- Foulard, klenge Bësch-Parcours iwwert verschidden Zorten Naturmaterial (z.Bsp. Äscht, Blieder, Buedem) an ev. och « onnatiirlech » Saachen (z.Bsp. Bänk, Korkestëpp, …), Duch fir d’Féiss ofzedréchnen, Stränz + Réserve-Bidon mat genuch Waasser
- Carrymat, Decken, Käerzen/Téiliichter
- Holz (fir e Lagerfeier), evtl. Fakelen, Text Ginkgo-Meditatioun
Erklärung
Allgemenges:
Eng RaRo-Wuecht ass eng traditionell, méi besënnlech, RaRo-Aktivitéit. D’RaRo maache sech während der Nuecht eleng oder zu zwee op de Wee a setze sech ënnerwee mat engem (normalerweis méi perséinlechen) Thema ausernaner. Ënnerwee kréie si op 5 originelle Statiounen Ustéiss zum Thema. Meeschtens gëtt d’Wuecht bei engem flotte Lagerfeier oder jiddefalls am grousse Krees ausklénge gelooss.
An deem Krees kann dann d’Verspriechen gemaach ginn an duerno mat engem gudde Maufel gefeiert ginn.
Si dauert vun owes fréi bis spéit an d’Nuecht.
De Wee (am beschten duerch vill Bësch) soll c. 5 km laang sinn, sou datt no c. all Kilometer eng vun deene 5 Statiounen ass.
De Wee muss ofgetrëppelt a (méiglecherweis mat Stuerm-Käerzen) däitlech markéiert sinn, fir datt d’Leit net zevill mam Wee beschäftegt sinn a sech wierklech kënne “goe loossen”.
D’Statioune musse kloer markéiert, opgeriicht a je nodeem besat ginn.
Erklärung/ Beschreiwung
D’RaRo ginn (no enger Stäerkung) an engem Ofstand vun c. 10 Minuten eenzel an d’Däischtert op de Wee geschéckt. Um Départ kréie si gesot, datt si sech elo mat hirem eegenen Engagement an hirem Liewensprojet kënnen ausernanersetzen an ënnerwee e puer Ustéiss fir hir Iwwerleeunge kréien.
Si sollen eng Täscheluucht, eng Weekaart (als Sécherheet) a gudd Schong dobäi hunn.
D’Käerze markéieren hire Wee.
Op all Statioun kréie si op ënnerschiddlech Aart a Weis en Input op Basis vum Thema. Aus dëser ginn dann eng Rei Iwwerleeungen zum Thema “Engagement/Verspriechen” gezunn.
Briefing vun de RaRo virun der Wuecht :
Wie mécht gäer säin Verspriechen/Engagement ?
Huet een Angscht eleng ze goen ? (wa jo, evtl. zu 2 goen)
De Wee an d’Statioune si mat Stuerm-Käerzen (dh. mat Deckel) gezeechent.
Et gi besaten an onbesate Statiounen.
Dir kritt een Noutbréif (Kopie vum Wee mat Telefons-Nummeren).
All 7-10 Minutte geet ee fort (hänkt vun der Zuel vun de Leit of…)
Zäit op enger Statioun : c. 5 Minutten (d.h. Zäit kucke beim Ukommen !)
Wann d’Aufgab op der Statioun fäerdeg ass, huelt/kritt dir een Objet an een
Text/Zitat, fir ënnerwee ze meditéieren an evtl. kritesch ze hannerfroen !
Net lafen, et geet net ëm Vitesse !
Reiefolleg vum Départ festleeën !
Départ:
Material :
pro RaRo = LGS-Verspriechenstext, LGS-Gesetz, ev. LGS-Gebiet
Kader : roueg Plaz, am Krees sëtzen, Käerzestëmmung, roueg Musek, …
Aufgab :
Lies de Verspriechenstext/Engagementstext.
Iwwerlee dir, obs du däi Verspriechen/däin Engagement wëlls maachen (oder
erneieren). An doduerch wëlls « d’Welt e Stéck besser ze maachen ».
Wanns du nach Zäit hues, notéier dir deng 1. Gedanken derzou…
Vill Gléck ! Vun elo un, mécht all 7-10. Minutten e sech op de Wee !
Ënnerlagen
RaRo-Wuecht-Ginko_Glossar-1RaRo-Wuecht-Ginko_Oflaf-1
Annexe-RaRo-Wuecht-_-Ginko-_-Samen_Pflanzen-1
Raro_Wuecht_Ginko_Alternativ_Meditationstext-1
RaRa-Wuecht-Ginko-Statiounsfichen-1
Eragereecht
RaRo Ekipp