Material
Erklärung
Perso’nen:
1. Ning Le’ermédercher vu 15-20 Joer. No der Foarf vun de Blûsen an de Bèrre’en huet d’Méschtesch s’an drei Gruppe gedêlt: de’Weiss, de’ Ro’t an de’ Blo. Zum e’schte Grupp gehe’ren: d’Margre’t, d’Gre’tchen an d’Gritt; zum zwêten: d’Katrin, d’Kätti an d’Trini;
zum drötten: d’Maia, d’Marjänni an d’Marri.
2. D’Joffer Juli, d’Le’ermêschtesch. Eng êler Perso’n mat e bössjen altfränkesch Spötzen a Garnituren un de Klêder; d’Hoer exakt an der Mött geschêd, eng weiss Kollweèttchen em den Hals, e göldent Kreiz op der Broscht. Eng gro’ss Sche’er bommeltun enger schwoarzer lieber Zéntur. E guttmiddegt, treit Gesîcht.
3. D’Joffer Kokliko, Inspektesch vun der Scho’l. Stietsme’sseg erausgefîtz. E Bufikapp mat engem Spötzenhittchen, eng samètten Taill, eng gring Spärejupp. Eng grimmel agebîlt, vun uewen erof; soss eng gutt Se’l, de’ vill Verstêsdemech huet fir de Gêscht an de Korèkter vun den Duerfleit.