Material
Erklärung
Op der eideler Bühn stin zwou grouss Keschten. An der enger setzt den Kaputchino, am der aanerer den Schuggel. Di zwee sin nach net ze gesin. Et kréint een Hunn.
Aus der enger Kescht kennt den K. eraus an biischt seng Zänn. Dann helt en den Hutt vum Kapp an fänkt un, sech mat der Zännbiischt d’Hoer ze kämmen; setzt den Hutt erem op, verschwennt an der Kescht, an kennt erem héich mat engem schwaarzen an engen weissen Schung. Elo biischt en d’Schung mat derselweschter Zännbiischt. Zur selwechter Zäit ass aus der aanerer Kescht den Schuggel an d’Lûut komm, huet d’Hoer doremmer stoen an gaapst fiirchterlech. Hien streckt sech an fänkt un ze turnen. T’éischt fänkt hien mat Kniebeugen un, sou datt säi Kapp wéi am Zäitlupentempo emmer an der Kescht verschwennt