Point de vue(s)

Material

  • Bastelmaterial (DIN A3 Blieder, Schéieren,...)
  • Computer
  • Laptop
  • etc.

Erklärung

D’Aktivitéit “Point de vue(s) soll d’CaraPio dozou bréngen, iwwer aktuell Themen an eiser Welt auserneenzesetzen, andeems si sech en Film eraussichen (deen et och wierklech gouf) an deem säin Titel ëmännere fir hiert Thema ze beschreiwen.

Si maachen also op kënschtleresch Aart a Weis eng nei Affiche, Video, oder aner Medium fir hiert Thema duerzestellen.

Wéi am Beispill, vun “Das große Krabbeln” => Das krosse Krabbeln – Es muss nicht immer Kaffee und Kuchen sein. wou et em d’Aféierung vun Insekten an de Menü vu verschiddenen europäesche Restaurante geet.

Eragereecht vum Joël Gangolf (St. Martin Jonglënster)

Ënnerlagen

Point de vue(s)