Phantasierees

Material

  • en Apel fir all Kand

Erklärung

Phantasierees

 

Jiddereen kritt en Apel an d’Hand – kucke – fille  – richen …..

Mir halen den Apel an der Hand, huelen ons Zäit fir ons bequem dohinner ze setzen  oder ze leeën, a maachen d’Aen zou….


 

Ech erzielen dir elo d’Liewensgeschicht vun dengem Apel…

 

Däin Apel ass e Stéck vun der Natur.

Et ass Fréijoer. D’Sonn schéint.

Op enger Wiss stinn  e puer Uebstbeem.

Ee vun deene Beem ass en Äppelbam

Mat sengen décke Wuerzele steet en fest am Buedem.

Hien huet eng grouss Kroun mat festen Äscht.

Wann s du genau kucks, da gesäis du wéi un de Spëtzte vu sengen  Äscht  kleng Knospen entstinn.

Vun der Sonn gëtt de Bam gewiermt. Dat deet him gutt.

Heiansdo geet e liichte Wand duerch de Bam.

E liichte  Reen suergt dofir, dat et dem Bam gutt geet.

 

No e puer Deeg, huet de Bam sech verännert.

Déi kleng Knospe sinn opgaangen, an elo ass de Bam voll vun hellrosae Bléien.

Beien an Hummele loossen sech am Bam neier. Si droen de Blütenstaub vu Bléi  zu Bléi.

Aus enger vun deene Bléien ass däin Apel gewuess.

Kuck dir déi Bléi emol genau un.

Fest ass si um Aascht verwuerzelt.

Si léisst sech net vum Wand mat ewechblosen.

 

Zäit vergeet. D’Sonn schéint..

Duerch de Reen kritt de Bam gréng Blieder.

An och deng Bléi huet sech verännert.

Wann s du gutt kucks, da kanns du schonn däin Apel erkennen.

Hannert der Bléi, kleng awer scho gréng a ronn, do wiisst  däin Apel.

De Bam gëtt dem Apel d’Kraaft fir ze wuessen.

D’Sonn gëtt him Energie.

De Reen gëtt him dat néidegt Waasser.

Duerch d’Wuerzele kritt de Bam Nahrung a gëtt se un den Apel weider .

Den Apel gëtt ronn an deck.

Heiansdo lafe Sejomëssen  iwwert seng glat Schuel, oder eng kleng Spann kraucht driwwer, mee dat deet em Apel näischt.

Den Apel wiisst weider a kritt schonn eng liicht aner Faarf.

Elo ass et un der Zäit, dass d‘Äppel gepléckt ginn.

Vill Äppel si schonn duerch de Wand erofgefall, mee däin Apel hat Chance, hie konnt sech nach festhalen.

Vun enger Hand gëtt hie gepléckt, an an eng Këscht geluecht, niewent vill aner Äppel.

An esou mécht sech den Apel op d’Rees bis hei bäi dech….

__________________________________________________________________________

 

Mir maachen d’Aen op…… a kucken ons den Apel nach emol un.

Erfarungen/Gedanken  austauschen déi mir wärend der Übung gemaach hunn..

…. a Rou genéisse mir den Apel….