Material
- - eng Decken oder en Duch
- - Saachen aus der Natur
Erklärung
Dir braucht mind. 3 Persounen.
E Spiller sicht an der noer Ëmgéigend 10 bis 15 verschidden Géigestänn aus der Natur (Steen, Fieder, Blumm, Bamschuel, Käscht…) Vun dëse Saache bréngt de Spiller jeeweils just een Exemplar mat. Déi gesammelt Saache ginn an d’Mëtt geluecht an déi aner Matspiller hunn 1 Minutt Zäit sech d’Saachen unzekucken. Dono gëtt alles mat dem Duch zougedeckt.
D’Aufgab vun deenen anere Spiller ass et lo, innerhalb vu 5 Minutten déiselwecht Géigestänn ze sammelen, déi si virdru gesinn hunn. Ween déi meeschte Saache fënnt, huet gewonn.
Eragereecht
Programmekipp