Natur Mensch Ärger dich nicht

Material

  • 1 Würfel
  • 36 ronn Holzplatten, di am Durchméisser breet genuch sinn, dat eng Persoun drop stoen kéint
  • 9 ronn Holzplatten, di roud gefierft sinn
  • 9 ronn Holzplatten, di gréng gefierft sinn
  • 9 ronn Holzplatten, di giel gefierft sinn
  • 9 ronn Holzplatten, di blo gefierft sinn

Erklärung

Den Prozess fir en naturgebonnend Mensch ärger dich nicht ass wie folgt:
E Würfel schnëtzen, sicht e Stéck Holz, wat een gudd schnëtzen/zerseen kann. Dat soll sou gudd wie méiglech dreidimensional quadratësch ginn. Op all Säit ginn jeweils Punktenunzuelen vun 1-6 dran gefräst, gebuert oder och dran geschnetzt. Am zweete Schrëtt sollen die Holzplatten gemeet ginn. Dofir kann een sech einfach e puer Stämm sichen di déck genuch sinn an dann soll een mat der See schaffen an sech Scheiwen erausseen. Je 9 Holzplatten sollen gewierft ginn an den 4 verschiedenen Farwen, di säin eegent Spillfeld signaliséieren bzw seng Ufanks- oder Schlussbase. D’Spill kann een op 3 Art a Weisen spillen. Entweeder sinn d’Däppecher Persounen selwer. Sou brauch een mindestens 16 Léit am Spillfeld. Vun den jeweilegen Farwen sollt dann jiddereen och würfelen kënnen. Ugebonnen un déi Method kann een, falls een nach méi Kanner huet, och zousätzlech 4 Kanner huelen, di den Würfeler fir di jeweileg Farw vun Ufank bis Ënn spillen. Eng drëtt Versioun wier, dat een sech x-beliebeg Figuren bastelt. Wéi di ausgesinn an aus wat et besteht ass beliebeg.

Eragereecht

Saskia Dostert