Material
- Lehm
- Naturmaterialien (alles wate en am Bësch oder am Park esou fënnt)
- Waasser (ass net zwéngend noutwendeg, mee et mecht d’Resultat méi schéin)
Erklärung
All Biber kritt e Stéck Lehm an e klenge Becher mat Waasser.
All Biber sicht sech ee Baam eraus, deen e mat sengem Lehmgesiicht well verschéineren.
Mam Lehm soll de Biber um Bam ee Gesiicht formen. Heibäi kann de Biber senger Kreativitéit fräie Laaf loossen. Dono kënnen d’Biber hiert Gesiicht mat Blieder, Bengelen an allem wat se soss nach an der Natur kenne fannen dekoréieren.
Wann all Biber fäerdeg ass, hun d’Biber d’Méiglechkeet deenen aaneren hier Konschtwierker kucken ze goen.
Eragereecht
Biber Ekipp & Programm Ekipp