Landart fir Jugendlecher

Material

  • Naturmaterial, wat do op der Plaz gesammelt gëtt
  • eppes fier en akustescht Signal ze ginn (Päif, Schell, an d'Hänn klappen, ruffen geet och)

Erklärung

Mer wëllen en “Naturmusée” maachen an der all sidd d’ Kënschtler.
Jidfereen sicht sech eng Plaz, hei an der Géigend, déi em gut gefälllt, wat schéin oder geheimnisvoll oder aus engem anere Grond extra ass a wou e säi Konschtwierk wëll schafen. Passt op, dass ëmmer mindestens 2m Plaz zwëschen iech ass.
Sicht elo Naturmaterial hei ronderem a brengt et bei är Plaz. Da sollt der mat dem gesammelte Material oder wat der elo nach sammelt, jidfereen en Konschtwierk schaafen.
Probéier der dofier ze iwwerleen, wéieng Gefiller, dass du elo am Moment hues: frou, traureg, voll Energie, gelangweilt, rosen, enttäuscht, genervt, ängschtlech, erféiert, panikéiert, erstaunt, beandrockt, ausgeglach, friedlech, gestresst, euphoresch, …
Wahrscheinlech ass et eng Mëschung, mee wéieent ass dat stärkst, ass an der Mëtt vun allen? Wéi kanns du et mat dem Naturmaterial duerstellen?
Wéieng Gefiller si och do, mee méi ronderem? Stell och si mat Naturmaterialien duer.
Iwwerlee net zevill, wiel einfach, wat elo am Moment passend schingt, du muss et net erkläre kënnen. D’Haaptsaache et fillt sech richteg un, et gefällt der.
Wanns du wëlls, kanns du der en Titel fier däi Konschtwierk ausdenken.
Wanns du wëlls, maach eng Foto dervu oder vun der mat dengem Konschtwierk.

Elo maache mer eng “visite guidée” eng Féierung duerch eise Musée. Gitt zesumme vun engem Konschtwierk zum nächsten an all Kënschtler stellt säi Wierk fier an erzielt dat driwwer, wat e wëll. Et muss een näischt soen. Einfach nëmme kucken geet och.

Oder , wann et e grousse Grupp ass, an e méi Ofstand wëll halen:
Jidfereen geet elo bei engem anere säi Konschtwierk, iwwerall just 1 “Visiteur”, a kuckt sech dat un. Op en Signal vum Chef(taine), (zB Päifen, Schellen, an d’Hänn klappen), geet jidfereen bei dat nächst asw. Bis der se all besicht hutt.
Da komme mer nach eemol am grousse Krees zesummen a schwätzen iwwert dat, wat mer erliewt hunn: (bei méi wéi 10 Jonken, wier et gut 2 oder méi Chef(tainen) ze hunn, sou dass een den Austausch an 2 oder méi Gruppen ka maachen vu je maximal 10, besser manner, soss dauert et ze laang, well et ass wichteg, dass jidfereen zu Wuert kënnt)
– war et einfach eng flott Platz ze fannen an Konschtwierk ze schafen?
– konnt ech meng Gefiller duerstellen oder firwat war dat schwéier?
– hat ech dat Material, wat ech gebraucht hunn? oder huet ev e mer et virun der Nues ewechgeholl, well en dat selwescht gebraucht huet?
– sinn ech zefridde mat mengem Konschtwierk oder gefällt engem/ méi anere säint mer besser?
– Huet d’Verhalen vun aneren mech beaflosst, gestéiert, ermontert, inspiréiert, …?
– wen wëll, kann elo nach méi konkret, iwert säi Konschtwierk erzielen. Ev net virum ganze Grupp, mee a selwer gewielt Gruppe vun 2-3.

Eragereecht

EAS