Landart fir Kanner

Material

  • eng Päif oder Schell (oder soss eppes fier e Signal ze ginn, ev och an d'Hänn klappen)
  • Naturmaterial, wat do op der Plaz gesammelt gëtt.

Erklärung

Uweisung vum Chef(taine)

Jidfereen vun iech geet elo eleng hei ronderem a mecht d’Aen op!
Fier d’1. geet et drëm ze weisen, dass der gut kucken an och verstopptes entdecke kënnt a vill schéin Saachen fannen a sammele kënnt. Passt op, dass der dobäi näischt futti maacht, wat nëmmen eemol do ass (oder ganz rar ass, wat kinnt ënner Naturschutz stoen – wanns du net secher bass, da froe een Erwuwessenen). Alles wat um Buedem läit oder ganz vill do ass (Blieder, Friichten, Zapfen, Steng, Grieser, …) kanns du ouni Probleem sammlen. Géih net méi wäit fort, wéi dass du mech gesäis! Breng deng gesammelt Schätz heihin.
– Sich vill verschidde gring Saachen
– Sich brong Saachen vu verschiddenen Formen
– Sich souvill verschidde Faarwe wéi méiglech (hell an donkel vun enger Faarw zielen eenzel)
– Sich eppes wat pickeg, spatz ass
– Sich eppes wat mëll, douce ass
– Sich 3 Saachen, déi aussergewéinlech sinn
– Sich elo eng Plaz, déi der gut gefälllt, wat een “Naturkonschtwierk” kann nennen, wat schéin oder geheimnisvoll oder aus engem anere Grond extra ass.

Elo komme mer an engem grousse Krees ronderem eis gesammelt Schätz zesummen. Mer kucken eis un, ob mer all dat selwescht gesammelt hunn oder wat di aner fonnt hunn.

Mer wëllen en “Naturmusée” maachen. Dofier brauchen eis “Konschtwierker” eng flott Rumm. Lee mat dem gesammelte Material eng Rumm rondrem. Et ass egal, ob et Saache sinn , déis du gesammelt hues oder en aaneren. Probéier hier e Muster ze ginn. Du muss net alles benotzen a kanns och elo nach méi vun enger Zort siche, oder aner Saache sichen, wanns du et brauchs.
Wanns du färdeg bass, denk der en Titel, en Numm fier däi Wierk aus. Da maachen ech eng Foto dervu oder vun der mat dengem Konschtwierk.
Elo maache mer eng “visite guidée” eng Féierung duerch eise Musée. D’Hallschent vun de Kënschtler stellt sech bei hiert Konschtwierk. Di aner gi jidfereen bei 1 Kënschtleran de stellt säi Wierk fier. Wann ech päifen (oder en aner akustescht Signal – kuckt wéilaang d’Künstler eppes ze erziele wëssen) ginn d’ Visiteuren all bei den nächste Kënschtler asw.
Wa jidereen bei all Kënschtler war, ginn Kënschtler zu Visiteuren – mer tauschen also d’Rollen a besichen di aner Konschtwierker.

Da komme mer nach eemol am grousse Krees zesummen a schwätzen iwwert dat, wat mer erliewet hunn: (bei méi wéi 10 Kanner, wier et gut 2 oder méi Chef(tainen) ze hunn, sou dass een den Austausch an 2 oder méi Gruppen ka maachen vu je maximal 10, besser manner, soss dauert et ze laang, well et ass wichteg, dass jidfereen zu Wuert kënnt)
– war et einfach eng flott Platz ze fannen an eng Rumm ze leen?
– hat ech dat Material, wat ech gebraucht hunn? oder huet ev e mer et virun der Nues ewechgeholl, well en dat selwescht gebraucht huet?
– sinn ech zefridde mat mengem Konschtwierk oder gefällt engem/ méi anere säint mer besser?
– war ech léiwer Kënschtler fier mäi Wierk vierzestellen oder Visiteur fier ze kucken an ze lauschteren?

Eragereecht

EAS