Material
Erklärung
Spilloflaf:
Jiddweree sëtzt am Krees. Ee gëtt erausgeschéckt (Kommissar). De Killer gëtt vum Chef oder engem anere Kand op d’Schëller geklappt, wärend all déi aner d’Aen zou hunn. Nodeems de Killer gewielt gouf, kënnt de Kommissar erëm eran. De Killer bréngt seng Afferen ëm, andeems hien hinnen een Aen zoudréckt. D’Zil vum Killer ass et, jiddwereen ëmzebréngen, wärend de Kommissar natierlech probéiert, dat ze verhënneren an de Serienkiller ze entlarven an ze stoppen. E kann awer ëmmer nëmmen dräi Leit verdächtegen, soss huet e verluer.
Variatioun:
Unzuel vun de Killer oder Kommissare variéieren.