Material
Erklärung
Spilloflaf:
D’Kanner musse fir sech entscheeden, ob si eng Kou oder eng Int sinn, awer ouni et engem aner ze soen. Lo musse si hir Aen zoumaachen, sech verdeelen an ufänken d’Geräisch vun hirem Déier ze maachen. Sou musse si sech erëmfannen an akrämpen, ouni dobäi d’Aen opzemaachen.
Variatioun:
Et kann een ëmmer aner Déiere probéieren!
!Opgepasst!
Oppassen, datt d’Spillfeld sou ass, datt een néierens driwwer falen oder arenne kann, sou datt d’Kanner, déi d’Aen zouhunn, sech net wéi dinn.