Kartenexperten

Material

  • • Pabeier
  • • Bläistëft
  • • Schnouer, Seel oder Fuedem

Erklärung

D’Spill ka mat Eenzelpersounen oder an der Grupp gespillt ginn. All Persoun/Grupp kritt eng Schnouer (ca.1,5m). Mat der Schnouer gëtt e Naturbild agerummt. An dësem „Bild“ sollen markant Indicen wéi Blummen, opfälleg Planzen, Steng, Buedemmarkéierungen léien.

D’Bild gëtt dann sou genau wéi méiglech um Pabeier beschriwwen. D’Schreiwe kann och e Chef iwwerhuelen oder et gëtt e Bild gemoolt.

 

Zum Schluss zitt all Persoun/Grupp eng Beschreiwung. Wann ee seng Beschreiwung zitt, gëtt getosch. Dono gëtt dat beschriwwent Bild gesicht.

Ënnerlagen

Aktivitéiten Kartenexperten

Eragereecht

BiberEkipp & ProgrammEkipp