Material
- ofhängeg vun der Aktivitéit
- Pabeier - Stëfter
Erklärung
Erklärung: Dëst sinn eenzel Iddien, déi als Basis déngen, fir eng Verspriechensfeier drop opzebauen. D’Chefekipp kann dës Iddien je no Besoin upassen a wieder ausbauen.
• D’Chefekipp spillt e Sketch oder zielt eng Geschicht vun engem „Dag um Camp“, mat verschiddene Situatiounen, déi op engem Camp oder an enger Versammlung kënne virkommen (Positives a Negatives, z.B. zesumme spillen, e Sträit, Knascht am Bësch, eng B.A.,…).
Duerno kann et eng kleng Diskussiounsronn ginn, wou d’Kanner sech kënnen iwwer dës Situatiounen austauschen. Hei kann dann och d’Fro gestallt ginn, firwat mer eigentlech e Versprieche maachen.
All Kand soll sech dann e puer esou Situatiounen iwwerleeën, déi et scho selwer erlieft huet (oder sech der ausdenken). Op dës Situatioune kann dann all Kand säin eegent Verspriechen opbauen, andeems et sech iwwerleet wat hatt perséinlech wëll verspriechen.
• Bilder einer Ausstellung:
Et hänke verschidde Biller/Fotoen am Bësch/Wiss/Chalet/… wou ganz ënnerschiddlech Situatiounen ze gesi sinn(z.B. Leit déi sech an den Aarm huelen, Sträit, Aarmut, Natur, ..). D’Kanner kënnen des Biller kucken, och hei kann eng Diskussiounsronn entstoen.
Duerno dierf all Kand selwer esou ee Bild molen, wou si weise wat si wëlle verspriechen.
• „3 Duties“, Verspriechenshand:
Déi 3 duties ginn erkläert an och d’Symbolik vun der Verspriechenshand. Dëst kann z.B. och opgemoolt/opgeschriwwe ginn.
Da kann all Kand sech iwwerleeën/schreiwen/molen, wat hatt selwer wëll Verspriechen.
Et kann een och d’Hand op e Pouster molen a jidderee kann dobäi schreiwen, wat hie selwer versprécht. Dëse Pouster kann dann z.B. am Chalet opgehaange ginn, an de Chef kann ëmmer mol nees mat de Kanner dorop agoen.
Eragereecht
Biber Ekipp