Iechternacher Kloterhal

Material

  • Sportsgezei (lang oder 3/4 Box)
  • Turnschong (keng Wanderschong, dat gëtt näischt)
  • klengt Handduch (Vestiairen si gutt equipéiert)
  • d’Klotermaterial kritt een am “Schnupperklettern” vun der Jugendherberg gestallt (et däerf een natierlech seng eegen Kloterschong benotzen), aus Sécherheetsgrënn, a punkto Normen vum Material.

Erklärung

Am “Schnupperklettern” an der Iechternacher Kloterhal kréien d’Participanten eng Aféierung an d’Kloteren, wéi ee richteg séchert an e puer Basis-Techniken.

Schwéierpunkt vun der Aktivitéit ass d’géigesäiteg Vertrauen wat een do muss entwéckele fir deen anere kënnen ze séchere respektiv geséchert ze ginn.

Dat hei ass elo Toprope – Kloteren, un engem Seel also. Eng méi spannend Alternativ wier elo direkt an d’Boulderhal ze goen. Do ass déi beschten Adress (vu Jonglënster aus gesinn) den Schokobloc zu Tréier, eng Hal wou fir all Niveau eppes dobäi ass.

An der Kloterhal vun der Jugendherberg gëtt et och en Boulder-Eck, mee dobäi muss ee soen dat deen net fir Ufänger geduecht ass. Zu Tréier par konter kann ee progressiv opbauen, déi Basis-Kierperhaltung erreechen a konstruktiv u sengem Selbstkonzept schaffen.

An der Annexe ass eng Lëscht mat ëffentlech zougängleche Kloterhalen, no Regioun zu Lëtzebuerg.

Eragereecht vum Joël Gangolf (St. Martin Jonglënster)

Ënnerlagen

Iechternacher Kloterhal
Iechternacher Kloterhal