Handklappspill

Material

Erklärung

Spilloflaf:

Jiddwereen sëtzt am Krees um Buedem oder op Still ronderëm een Dësch a leet seng Hänn viru sech op de Buedem oder op den Dësch. Jiddwereen hieft säi rietsen Aarm a leet en iwwer de lénksen Aarm vu sengem rietsen Noper. Ee fänkt un a klappt 1x mat der rietser Hand op den Dësch/Buedem. D’Klappe geet an dës Richtung weider. Wann een 2x klappt, gëtt d’Richtung gewiesselt. Wann ee sech iert, ass déi Hand, déi de Feeler gemaach huet, aus dem Spill a muss hanner de Réck/ënner den Dësch.