Guide-/Scoutsgesetz konkret ab CaraPio

Material

  • • Pro Participant Blat a Bic an eng A4 Tabell mam Guide-/Scoutsgesetz
  • • En DIN A3 Plakat mam Guide-Scoutsgesetz (am Ufank sinn di eenzel Regelen mat Kartonssträif verdeckt, déi mat enger Wäscheklammer festgehale ginn)
  • • Pro Grupp en DIN A3 Plakat mam Gesetz an 10 faarweg Kartonsträifen, op Moos geschnidden, dass se an Tabell passen, fier di konkret Ideen dozou (pro Grupp eng aner Faarw) an 10 Wäscheklammeren pro Grupp

Erklärung

Corona-konform : Grupp vun max 8 Jonker – an 2 Gruppe vun 3-4
(Soss kann een och 15-20 Jonker, jeweils a Gruppe vu 4 unhuelen)
—–

Wéieng Reegele kennt der, déi Zesummeliewe bei de Guide a Scouten bestëmmen?
– jidfereen schreiwt fier sech op, wat e vum Guide-Scoutgesetz wees (5min – max)
– dann zu 3-4 sech op eng Versioun eenegen (5min)
– di 2 Gruppen stellen hier Versioun vier – ofgläiche mam Gesetz (5min) an déi Reegel opdecken, déi genannt gouf – dann och di aner opdecken.

wéi ass dat konkret an der Versammlung, um WE oder Camp, um Hike, … ?
– jidfereen schreiwt fier sech op, wat e bei de Guiden a Scoute ( doheem/ an der Schoul / op der Aarbecht) kann maachen, fier all eenzelne Punkt ëmzesetzen- dat anzehalen – Wat soll ech als Chef maachen , wat erwaarden ech vu menge Jonken? (ev aner Saachen je no Branche opschreiwen) (5-10 Min)
– dann zu 3-4 zesumme gëtt verglach, op jidfereen mat all de Proposen avestan ass oder op eppes onkloer oder onpassend schingt. Da gëtt opgeschriwwen,– eng Kaart pro Punkt (net nummeréieren!)- mindestens 1 Propose , et daarfen der och méi sinn

– elo gin d’Kaarte fier den anere Grupp an der Emgéigend verdeelt, un Hecke, Beem mat de Wäscheklammeren opgehaangen – si musse sichtbar sinn, awer et soll schon eng gewëssen Distanz zreckgeluecht ginn

– dat kritt all Grupp gesot, wéieng Faarw Kaarte si muss sichen a brengt se nees zreck bei hiert Plakat (et daarf een ëmmer just 1 Kaart hunn a brengt se bei d’Tabell) an klammert se un dat richtegt Gesetz – et gëtt probéiert, se nees de Punkte zouzeuerdnen (10min)

– wann e Grupp se all huet, gëtt nach eemol zesumme gekuckt, ob jidfereen mat der Zoudeelung averstan ass– ass dat wat mer och haten? Si mer mat hinnen d’accord? Ass alles verständlech?

Austausch am grousse Grupp: (10min)
Wou war der iech eens?
Wou waart der net mam aneren Grupp d’accord oder hutt Froen zu hieren Aussoen?

Ass dat fier dech ustriewenswert oder sinn do och Punkte, wous du sees, dat kann/wëll ech net anhalen/ustriewen? As net méi zäitgeméiss?
Ass dat Gesetz just während de Guide – a Scoutskativitéite gülteg oder och am Alldag?

“Stick to your Scout promise always – even after you have ceased to be a boy – and God help you do it.”
― Sir Robert Baden-Powell
« Soyez toujours fidèles à votre promesse même quand vous serez adultes. »
Robert Baden-Powell ; Le dernier message avant 1928.

Ofschloss: 5Min
Elo kuckt jidfereen sech nach eemol di eenzel Punkten un: wat halen ech meechtens an? Wat ass mi schwéier?

Sich der 1 eraus, wous du probéiers den nächste Mount méi bewosst drop opzepassen an et anzehalen a probéier eppes ganz konkretes opzeschreiwen, wats du der vierhëls
Dëst ass just fier iech selwer a gëtt net dono gewisen oder viergelies.

Ënnerlagen

Guiden-Scoutsgesetz-spirituellen-Atelier
Annexe-LGS-Gesetz-Tabell

Eragereecht

EAS