Gekräizt, Ongekräizt

Material

Erklärung

Spilloflaf:

D’Kanner dierfen dëst Spill net scho kennen! D’Kanner an hir Cheffe sëtzen all an engem Krees, am beschten op Still, fir datt een hir Been och gutt gesäit. De Chef fänkt un. Hie gëtt zwee Bengelen, déi hie gekräizt oder ongekräizt hält, je nodeem, ob seng Been gekräiztoder ongekräizt sinn, un deen nächste Spiller virun. Dat Ganzt geschitt mat deem Saz: „Ech hu meng Bengelen/mäi Besteck gekräizt/ongekräizt kritt an ech gi se gekräizt/ongekräizt weider. D‘Zil ass, datt d’Kanner erausfannen, wéi d’Spill fonktionnéiert an d‘Bengelen am richtege Moment gekräizt oder ongekräizt viru ginn.

!Opgepasst!

Fir ongedëlleg Kanner kann dëst Spill séier langweileg oder frustréierend ginn.