Fänkches 2.0

Material

Erklärung

Spilloflaf:

Jiddweree fänkt jiddwereen. Wann een ofgeklappt gëtt, muss déi Plaz mat der Hand ofgedeckt ginn. Beim zweeten Ofklappe muss déi Plaz och festgehale ginn. Beim drëtten Ofklappe muss ee stoen bleiwen an ass aus dem Spill eraus. Am Ganze kann een also dräimol ofgeklappt ginn.

!Opgepasst!

D’Spillfeld net ze grouss man an oppassen, datt d’Leit net falen, wa se sech z.B. um Been unhalen a gläichzäiteg weider lafe mussen.