Material
Erklärung
Spilloflaf:
D’Kanner stelle sech an eng Rei a bécke sech no vir, strecken hire lénksen Aarm tëschend de Been nohannen duerch an dee rietsen Aarm strecke si no vir a gräifen domat déi lénks Hand vum Kand, wat virun hinne steet. Lo musse si ee bestëmmte Wee ofgoen, deen de Chef bestëmmt, ouni sech dobäi lass ze loossen.
Variatioun:
D’Profie kann een och hannerzeg goe loossen.
!Opgepasst!
D’Kanner gesinn net vill. Oppassen, datt de Wee ze maachen ass an net ze séier getrëppelt gëtt, sou datt kee fällt.