Material
Erklärung
Spilloflaf:
Jiddweree steet am Krees. Ouni et ze soen, muss jiddwereen sech eng Persoun eraussichen, déi hie wëll ëmkreesen. Bei „lass“ muss jiddwereen probéieren, seng Zilpersoun 3x z’ëmkreesen a sech dann ze sëtzen. Dee leschten, deen nach steet, huet verluer.
Variatioun:
Amplaz ze goe kann een och een ëmsprangen, ëmkrauchen, hannerzeg goen, …
!Opgepasst!
Oppassen, datt d’Leit net anenee knuppen.