Material
Erklärung
Spilloflaf:
Jiddwereen ass zu zwee an zwee. D’Fanger vun der rietser Hand vun den zwee Matspiller krämpen sech aneneen. Den Daum bleift fräi. D’Zil ass et, den Daum vum Géigner mat sengem Daum erofzedrécken a fest ze klemmen. Gekämpft gëtt just mam Daum. D’Hänn an d’Äerm musse sech sou mann ewéi méiglech beweegen.
Variatioun:
Am grousse Krees ass dëst Spill méi flott. Jiddwereen steet am Krees. D’Äerm gi gekräizt, fir datt jiddweree gläichzäiteg mat sengen zwee Noperen een Daumenkrich féiere kann.
!Opgepasst!
Oppassen, datt d’Spiller net ze fest zoudrécken oder d’Äerm verdréien.