Material
Erklärung
Spilloflaf:
Ee Spiller kritt e bësse Virsprong a muss sech verstoppen. No e puer Minutten dierfen déi aner ufänke mat sichen. Ween déi verstoppte Persoun fënnt, muss sech och bei him verstoppen an dierf kee Mucks vu sech ginn. Täscheluuchten an aner Hëllefsmëttel sinn net erlaabt.
!Opgepasst!
Ee Start a Schlusssignal (z.B. mat enger Päif) hëlleft, fir jiddwereen um Lafenden ze halen. D’Grenze vum Terrain mussen (am beschten mat enger Liichtquell) gezeechent sinn an et muss op méiglech Geforen higewisen ginn. (Trapen, Lächer, rutschege Buedem, …)