Challenge Bingo

Material

  • • Bingo-Feld a Symboler Preparéieren
  • • Ficelle fir Symboler opzehänken
  • • Zeitung: 2 Blieder pro Pers. + Reserve
  • • Eppes fir ze stapelen, Korken Stepp
  • • Kreuzworträtsel: 1 fir Chef an 1 fir Biber
  • • Memory
  • • 3 Bechere Gréng
  • • 3 Bechere Blo
  • • Feldmarkeirer Mariobändchen
  • • Salzstaangen (4 Päck = 1 pro Pers.)
  • • Saache fir ze molen (Skizzenblock + deck Stëfter)

Erklärung

Bingo mat Challengen
D’Spill ass fir eng kleng Grupp vun Kanner déi géint Chef spillen. Wann ee méi Kanner huet kann een och einfach 2 Equippe mat Kanner maachen.
Symboler gi verdeelt Kanner mussen se sichen, wann se en fonnt hunn ginn se bei Chef. Kanner dierfen sech 1 Chef eraussiche géint den se untrieden. Pro Symbol gëtt et en passend Spill/Challenge. De wou d´ Spill gewënnt dierf Kaart „halen“ an op sengem Bingo-Feld ofkreizen. Ween als eicht Bingo huet, huet gewonnen.

Ënnerlagen

Challenge-Bingo

Eragereecht

Hl. Franz vun Assisi