Centstéckerspill

Material

  • • 1 Schëffelchen aus Pabeier + Ersatzschëffelcher
  • • 1 Gefääss mat Centsstécker (genuch)
  • • 1 Biitchen mat Waasser
  • • 1 Markéierung
  • • 1 Auer fir Zäit ze stoppen

Erklärung

Een Avex nom aneren geet bis bei d’ Markéierung (gewëssen Distanz zur Biitchen mam Schëffelchen). Do hellt en sech en Centstéck aus engem Gefääss.
Da muss den Avex versichen mat der „coin flip“ Technik dat Centstéck an d’ Schëffelchen ze schéissen, natierlech ouni dass dëst ënner geet.
Wann et dobäi sollt ënnergoen ass d’ Partie eriwwer, ouni dass déi aner Avex nach drukommen.
Wann d’ Centstéck am Schëffelchen lant, gëtt et ¼ Punkt, an dat pro Centstéck wat gülteg lant.
Fléien d’Centstécker awer laanscht, esou zielen dës nët.
Wann d’ Schëffelchen ënner geet, zielen déi Centstécker déi drop loungen bis et ënnergaangen ass, mam leschten Schoss wann d’ Centstéck dann drop leien bliwwen ass.

Eragereecht

Avexekipp