Material
- alles wat een dobausse fanne kann
Erklärung
buerfeis Parcours
Fir d’éischt sich dir zesumme Material fir an äre Parcours. Gidd an de Bescht op d’Wiss… a sammelt wat dir sou fannt. Mee och Saachen aus dem Chalet si méiglech. Hei eng Réi Beispiller:
Blieder, Gras, Äscht, Dennenzapfen, Bengelen, Bamschuel, Seel mat Kniet, Stëpp aus Kork, Steng (grouss, kleng, ronn…), geknujelte Pabeier, al Decken
Iwwerleet iech dono wou äre Parcours soll leien. Wann en op enger Platz läit déi net sou oft benotz gëtt, kann de Parcours méi laang léie bléiwen an dir kennt en ëmmer méi laang maachen.
Eragereecht
Programmekipp