Blannt Labyrinth

Material

  • - jiddereen säin Foulard
  • - eventuell Ficelle fir de Parcours ofzetrennen
  • - verschidden Saachen, déi ee grad dobaussen fënnt, wou ee grad ass

Erklärung

D’Avex sinn an 2er Gruppen opgedeelt. Am Virfeld gëtt ee klengen Parcours opgeriicht wou een Slalom tëschent de Beem ka goen, iwwert Bamstämm sprangen,…. Dat wat ee grad Loscht huet.
D’Avex kucken sech de Parcours un. Elo verbënnt een Avex sech mat sengem Foulard d’Aen an deen aneren Avex muss säi Kolleeg duerch d’Labyrinth féieren andeems en him seet wou a wéi en muss goen. Deen Avex deen erkläert steet baussen vum Labyrinth.

Ënnerlagen

Blannt-Labyrinth

Eragereecht

Avexekipp & Programmekipp