Material
- • Naturfaarwen oder Guachefarwen
- • Naturpinselen oder normal Pinselen
- • Bengelen
- • Eppes fir d’Faarw drop ze maachen
Erklärung
All Biber soll e Bengel siche goen. D’Gréisst ass egal e soll en duerno just selwer packen fir mat Heem ze huelen.
Alternativ:
– Bengelen sinn méi grouss a bleiwen no der Aktivitéit am Bësch.
– D‘Kanner molen zu zwee un engem groussen Bengel.
D’Kanner duerfen d’Bengel esou umolen wéi et hinnen gefällt. Flott ass et wann verschidden Musteren ze erkennen sinn an d’Bengelen ganz bemolt ginn.
Duerno ginn et verschidden Méiglechkeeten wat ee mat de fäerdegen Bengelen kann maachen:
– Op de Chrëschtbeemchen hänken
– Eng Fotosrumm bastelen
– E Mobilee fir Doheem oder am Bësch bastelen
Eragereecht
Biber Ekipp & Programm Ekipp