Becher-Spill

Material

  • - Mindestens 6 Plastiksbecheren (se musse stabil sinn)
  • - 1 Schnouer
  • - 1 Lastik

Erklärung

Spill bauen:
Dir musst 4 mol de Knuet an d Ficelle maachen fir d ‘Ficellen um Lastik ze befestegen (cf Dokument).
Dann baut dir eng Pyramide mat ären Becheren.

Spillen:
Dir spillt zu 4. Jiddereen hellt een Enn vun der Ficelle. Ziel vum Spill ass et d Pyramide op där enger Plaz ofzeriichten an niewendrun erëm opzebauen. Dofir hellt jiddereen een Enn vun der Ficelle an de Grapp. An jiddereen muss lues drun zeien sou dass de Lastik wäit genuch auserneen geet fir en iwwert den 1. Becher ze maachen.

Wann de Lastik an der Mëtt vum 1. Becher ass muss een d Ficelle e bësse labber loossen fir dass de Lastik fest ronderëm de Becher läit an dann zu 4 gemeinsam probéieren ze Becher an d’Lut ze hiewen an niewendrun erëm ofzesetzen.
Ouni de Becher ëmzegeheien muss een de Lastik erëm auserneen zeien fir dann de nächsten Becher sichen ze goen.

Dat geet dann sou weider bis d Pyramide ganz geréckelt ass. Fält ee Becher em da geet d’Spill erëm vu fir un.

Ënnerlagen

Becherspill

Eragereecht

Programmekipp & Avexekipp