Bauer a Muerten / Hues a Muerten

Material

  • Keen

Erklärung

Spilloflaf:

Jiddwereen ausser de Bauer/Hues läit mam Bauch um Buedem am Krees a krämpt sech bei sengem Noper mat den Äerm an. Si si Muerten um Feld, déi de Bauer/Hues gäeren iesse wëll. De Bauer sicht sech eng Muert eraus a probéiert se aus dem Krees ze zéien. Muerten, déi erausgezu goufen, sinn elo och Baueren/Huesen an zéien och un de Muerten, bis just nach eng iwwreg bleift.

!Opgepasst!

Et muss een oppassen, datt d’Kanner net ze fest unenee rappen a sech wéi dinn. Wann déi zwou oder dräi lescht Muerte fest uneneen hänken, kënne si och als Team gewannen. De Risiko, seng Box ze verléieren, ass do. Dofir nëmmen und de Foussgelenker zéien. E bësse këddelen ass erlaabt. Oppassen, datt d’Kleeder net futtigerappt ginn.